NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Mamer
Mir siche fir d'Maison Relais Mamer: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/Woch
D'Maison Relais zu Mamer bitt Plaz fir ronn 650 Kanner. Hei ze schaffen heescht, Deel vun enger engagéierter an dynamescher Equipe ze sinn, an där Kreativitéit, Zesummenaarbecht an nei Iddien am Mëttelpunkt stinn. All Dag erginn sech nei Méiglechkeeten, fir innovativ Aktivitéiten ze entwéckelen an d’Kanner gezielt an hirer Entwécklung ze begleeden. D’Gréisst vun der Maison Relais mécht d’Aarbecht besonnesch ofwiesslungsräich a spannend. Si bitt eng flott Erausfuerderung, déi net nëmme berufflech Kompetenze stäerkt, mee och vill Raum fir perséinlech Entwécklung a Matgestaltung léisst.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds d’Kanner ab 3 Joer am Grupp Précoce
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)
Information
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Mamer
Permanent (CDI)
02/04/2026
Mamer
Vocational Training
Part Time

