NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Elmen
Mir siche fir d'Crèche Elmen: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 25 Stonnen/Woch
D'Crèche Elmen ass am September 2024 am Zentrum vun Elmen, een neit Duerf just ausserhalb vun Olm, opgaangen. Momentan bitt d'Crèche Plaz fir 44 Kanner, déi jeeweils an 3 Gruppen opgedeelt sinn: e Grupp vu Kanner vun 0-2 Joer, a zwee Gruppe vu Kanner vun 0-4 Joer. All Dag begleet eng jonk a dynamesch Erzéierekipp d'Kanner op eng opmierksam a respektvoll Aart a Weis déi d'Wichtegkeet vu Stabilitéit a Vertrauen a Relatioune mat feste Referenzpersounen ervirbréngt. Besonnesch wichteg sinn déi individuell a qualitativ Bezéiungsmomenter wärend dem Versuergen a beim Iessen, esouwéi och beim Spillen a Beweegen. Fir d'Weiderentwécklung vun der Ekipp ze fërderen, huet all Ekippemember d'Méiglechkeet spezialiséiert Formatioune jee no Altersgrupp ze suivéieren.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)
Information
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Elmen
Permanent (CDI)
31/03/2026
Olm
Vocational Training
Part Time

