Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten / Psychomotoriker / Ergotherapeuten (w/m/x) – Centre Nord
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, well seng Offer ausbauen an eng méiglechst fréi Entwécklungsbegleedung vun Kanner mat spezifeschen Bedürfnisser an hiren Famillen ubidden, andeems en neien Service gegrënnt gouf, den sech un Kanner am Alter vun 0 bis 6 Joer riicht.
Fir dësen ambulanten Fréihförderservice Amane – Centre Nord, gi Mataarbechter an Mataarbechterinnen gesicht, di Erfarung an Kompetenz hunn am Beräich vun der Entwëcklung an Entwëcklungsförderung an der fréier Kandheet an an der Berodung, Ënnerstëtzung an Guidance vum Familljenëmfeld (Heilpedagogen, Pedagogen, Orthophonisten, Psychomotoriker, Ergotherapeuten…) fir 30 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Am Kader vun enger transdisziplinärer Equipe sinn är Haaptmissiounen:
perséinlech Entwécklung vum Kand sécherstellen, förderen an stäerken, dëst am Kader vun sengem häuslechen Emfeld an an enker Zesummenarbecht matt den Elteren
Kompetenzen vun der Famill festegen, stäerken an ausbauen
sozial Inclusioun vum Kand an senger Famill ustoussen, förderen an verstäerken
Dementspriechend dréinen d'Aufgaben ronderem
Fréierkennung an – évaluatioun vun den Fäegkeeten an Kompetenzen souwéi den Schwieregkeeten an Beanträchtegungen vum Kand.
gezielt Ureegung an Ënnerstëtzung vum Kand bei der Entfaltung vun sengem Potential an deenen verschiddenen Entwëcklungsberaicher, fir eng bestméiglech Entwëcklung ze garantéieren
Nolauschteren, d'Begleeden an d'Ënnerstëtze vun den Familljen an dem noem Ëmfeld, fir Interaktiounen mam Kand ze optimiséieren
Netzwierkarbecht: entwëckelen an sëcherstellen vun der Zesummenarbecht vun ënnerschiddlechen Professionellen, fir d'Begleedung an d‘Ennerstëtzung vum Kand an senger Famill duerch déi verschidden professionell Acteuren ze optimiséieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn (Heilpedagoge, Pedagoge, Orthophonist, Psychomotoriker, Ergotherapeut, …), souwéi enger Autorisation d’excercer fir d‘Gesondheetsberuffer
Beruffserfarung hunn am Beräich vun der klenger Kandheet an der Familljenaarbecht
fundéiert Kenntnisser am Beraich vun der kandlecher Entwëcklung an Kompetenzen an der Beobachtung an Analyse vun Entwëcklungsprozesser hunn,
gudd kommunikativ Fähegkeeten mattbrengen, fir d’Interaktioun matt den Famillen an den Professionnellen ze assuréieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B an en eegenen Auto hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngunge
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Information
Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten / Psychomotoriker / Ergotherapeuten (w/m/x) – Centre Nord
Permanent contract
26/02/2026
Part-time

