Banner

Erzeier (w/m/x) - Residenzen vun der « Autonomie sécurisée nord » ze Veianen, Dikrech an op der Houschter Déckt

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Residenzen vun der « Autonomie sécurisée nord » ze Veianen, Dikrech an op der Houschter Déckt méi Educateuren (w/m/x) mat 20, 30 an 40 Stonnen ab 01. 08.2026.

 

D`Autonomie sécurisée nord geht nei Weeër am Beräich Wunnen fir Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung, et wunnt een an als WG zesummen, am eegenen Appartement oder engem inklusiven Projet.

 

Är Aufgabe wärt sinn eisen Service während enger 24/7 Präsenz vir Ort ze vertrieden, gezielt RdV zesummen mat den Locataire fir Hellefstellungen ze absolvéiren an Assitenz ze leschten, wou sie individuell gebraucht gëtt.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

 

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d'exercer sinn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

 

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

 

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

 

circleInformation

Erzeier (w/m/x) - Residenzen vun der « Autonomie sécurisée nord » ze Veianen, Dikrech an op der Houschter Déckt

Permanent (CDI)

14/04/2026

Nord

Vocational Training

Full Time

Follow Us
LinkedInFacebook