Een Hëllefsverkeefer(in) fir den Atelier Buttéck zu Betten (w/m/x)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelier "Buttéck am Duerf" zu Betten, een Hëlleffsverkeefer(in) fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Gudde Kontakt mam Client garantéieren
Commanden vum Client präparéieren
Eng Equipe vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung begleeden
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
• iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
• de Führerschäin Klass B hunn.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Information
Een Hëllefsverkeefer(in) fir den Atelier Buttéck zu Betten (w/m/x)
Permanent contract
05/02/2026
General certificate / Technical certificate
Full-time

