Banner

Een diploméierten Erzéier/Aide éducateur (w/m/x) - Wunnstruktur zu Betten (Fermette)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Betten (Fermette), een diploméierten Erzéier/Aide éducateur (w/m/x) fir een CDD (congé de maladie) - 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch unzefänken.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).



Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Betreiung vun erwuessene Léit mat enger liicht intellektueller Beanträchtegung.



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • De Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

circleInformation

Een diploméierten Erzéier/Aide éducateur (w/m/x) - Wunnstruktur zu Betten (Fermette)

Fixed-term contract

01/12/2025

10 rue du Château

General certificate / Technical certificate

Part-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook