

een diploméierten Erzéier (w/m/x) - SAS Nord
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS zu Hoscheidt-Dickt een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch ab dem 01.02.2026.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
RESPONSABILITÉITEN
Ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
D' Kandidate sollen:
Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn.
Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen.
Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
De Führerschäin Klass B hunn.
WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN
Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Information
een diploméierten Erzéier (w/m/x) - SAS Nord
13/11/2025
10 rue du Château
General certificate / Technical certificate
Full-time