Banner

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Bartreng

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Résidence Bartreng, een diploméierten Erzéier (w/m/x) 40 Stonnen/Woch –ab den 1.10.2025 - op onbestëmmten Zäit.

 

Job description

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung die eegestänneg an hirem Appartement, Studio oder WG wunnen, ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefsstellung unzebidden a mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hier t ‘Liewen, hier Fräizäit, eegestänneg a sécher gestallten kënnen.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Obligatoresch Ufuerderungen


D’Kandidate sollen:

·         Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

·         Beruffserfarung hunn

·         Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

·         Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·         Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

·         Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·         De Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden


·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

·        en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

circleInformation

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Bartreng

Permanent contract

17/07/2025

General certificate / Technical certificate

Full-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook