Banner

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer Haus

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 1.2.2026, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit fir hiert “Nidderkuerer Haus”.


Job description


Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.



Genau an dësem Kader sichen mir eng engagéiert Mataarbechterin / en engagéierte Mataarbechter déi/deen…


  • autonom ka schaffen an dobäi verantwortungsbewosst handelt,

  • gären am Team schafft an eng positiv Atmosphär matgestalt,

  • kreativ ass a Freed drun huet, nei Iddeeën fir d’Begleedung an den Alldag anzebréngen,

  • oppe fir nei Erausfuerderungen ass a flexibel op verschidde Situatioune reagéiere kann,

  • iwwer Respekt, Gedold an Empathie verfügt fir mat Leit mat intellektueller Beeinträchtegung zesummen ze schaffen.



Wann Dir Iech vun dëser Beschreiwung ugesprach fillt, da freeë mir eis, vun Iech ze héieren!



Zéckt nët eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

circleInformation

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer Haus

Permanent contract

25/11/2025

General certificate / Technical certificate

Full-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook