Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Bartreng
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Résidence Bartreng, een diploméierten Erzéier (w/m/x) 20 Stonnen/Woch - ab direkt oder no Ofsprooch - op onbestëmmten Zäit.
Job description
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung die eegestänneg an hirem Appartement, Studio oder WG wunnen, ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefstellung unzebidden a mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hier t ‘Liewen, hier Fräizäit, eegestänneg a sécher gestallten kënnen.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
De Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Information
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Bartreng
Permanent (CDI)
23/03/2026
Bartreng
Vocational Training
Part Time

