Banner

een diploméierten Erzéier (m/w/x) - Wunnstruktur Cliärwer Villa

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir d'Wunnstruktur Cliärwer Villa, een diploméierten Erzéier (m/w/x), fir een CDI - 40 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung



circleInformation

een diploméierten Erzéier (m/w/x) - Wunnstruktur Cliärwer Villa

Permanent (CDI)

20/03/2026

Clervaux

Vocational Training

Full Time

Follow Us
LinkedInFacebook