Banner

Ee Responsable (w/m/x) - Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Topolino"

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hire Service d’Éducation et d’Accueil Inclusif (SEAI) „Topolino“ zu Déifferdeng, ee Responsable fir ee CDI – tëscht 32 a 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch unzefänken.

 

Wann dëse Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är komplett Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif …).

 

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait vum Casier judiciaire gefrot


 

Responsabilitéiten

 

Den „Topolino“ ass eng inklusiv Crèche mat 81 Plazen fir Kanner vu 2 Méint bis 4 Joer, woubäi 25 % vun de Plaze fir Kanner mat spezifesche Besoinen reservéiert sinn.


Eist Konzept ënnert dem Titel „L’art de vivre ensemble – D’Konscht vum Zesummeliewen“ erlaabt Kanner, Elteren an dem pädagogesche Personal, sech fir déi kulturell Diversitéit opzemaachen, duerch kollektiv Projeten, déi sech ronderëm d’Konscht entwéckelen.

 

 

Ënnert der Autoritéit vun der Direktioun wäert d’Responsabel vum SEAI „Topolino“ déi follgend Missiounen iwwerhuelen:

 


  • D’Organisatioun an déi alldeeglech Gestioun vum SEAI „Topolino“ sécherstellen, an dofir suergen datt de Service gutt leeft.

  • D’Equipe an engem kollaborativen Geescht begleeden, ënnerstëtzen an weiderentwéckelen.

  • D’Ufuerderunge vum Service-Projet an dem pädagogesche Konzept ëmsetzen.

  • En qualitativ héichwäertegen a inklusiven Encadrement garantéieren, am Respekt vun de Wäerter vun der APEMH.

  • E waarmt, séchert a motivéierend Ëmfeld fir d’Kanner schafen.

  • Des Relatioun mat den Elteren an externen Partner op Vertrauen opbauen.

  • Fir d’Anhale vun de gesetzlechen Obligatiounen, den Hygiène- an de Sécherheetsnorme suergen.

  • Aktiv un der Entwécklung an der Weiderentwécklung vun der Crèche deelhuelen.

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • En héije-Schoul-Diplom am edukativen, psychosozialen oder pädagogesche Beräich hunn, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass (BAC +3), oder eng zu Lëtzebuerg unerkannten Autorisatioun fir e Gesondheetsberuff auszeüben.

  • Een déiwe Wëssen am Beräich vun der Éducation non formelle (net-formelle Bildung) hunn, an eng bestätegt Erfarung an enger Responsabel-Funktioun noweisen.

  • D’Fäegkeet hunn, Aarbechtsprozesser ze organiséieren an ze strukturéieren.

  • E Verantwortungsgefill hunn, Initiativ a Kapazitéit fir Decisiounen ze huelen.

  • Gutt mënschlech a relational Kompetenzen hunn: kloer kommunizéieren, aktiv zouhéieren, komplex Situatioune geréieren an eng benevolent Haltung hunn.

  • Am Team schaffe kënnen, d’Motivatioun an d’Entwécklung vun de Mataarbechter fërderen.

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ganz gutt beherrschen

  • E Führerschäin Klass B hunn

 

 

 Mir bidden

 

  • Attraktiv Aarbechtskonditiounen op Basis vum CCT-SAS Kollektivvertrag.

  • En Aarbechtsëmfeld baséierend op Vertrauen a Respekt, mam Zil vun der konstanter Entwécklung an der Qualitéitsverbesserung, fir d’Begleedung an d’Wuel vun de Kanner ze garantéieren.


circleInformation

Ee Responsable (w/m/x) - Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Topolino"

Permanent contract

02/12/2025

Bachelor

Full-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook