ee polyvalente onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - Atelier Buanderie zu Housen
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hirer Wäscherei zu Housen - een polyvalenten onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) fir een CDD ( congé maternité + congé parental) an Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Är Aufgabeberäicher sinn:
Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie ufalen: Wäschen, Strecken, Falen.
Den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier
Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
iwwert Beruffserfarung an enger Wäscherei verfügen
motivéiert sinn, fir autonom, organiséiert an polyvalent ze schaffen
motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
Verantwortung iwwerhuelen kennen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Iwwert Erfarung an enger Wäscherei
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Information
ee polyvalente onqualifizéierten Mataarbechter (w/m/x) - Atelier Buanderie zu Housen
Fixed-term contract
19/02/2026
Full-time

