Banner
arcus asbl
arcus asbl - Bongerterwee, Niederfeulen, L-9175, Luxembourg

Educateurs diplômés (M/W/NB) - Crèche Nidderfeelen

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'Crèche zu Nidderfeelen: Educateurs diplômés (m/w/nb) – CDI – 20-30 Stonnen/Woch


D’Crèche Nidderfeelen„am Kuebebongert“ bitt Plaz fir 56 Kanner, opgedeelt an zwou Gruppen: Wiirmecher (0–2 Joer) um Rez-de-Chaussée an Wichtelcher (2–4 Joer) um 1. Stack. All Grupp huet seng eege Sanitär- a Schlofraim. En ofgesécherte Bausseberäich an eng no geleeën Spillplaz fërderen d’Beweegung. D‘Kanner iwwer 3 Joer notzen och d’Raimlechkeete vun der Maison Relais (z. B. Atelier, Bauraum, Rollespillraum,etc.).


Responsabilitéiten:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du hues eng Beruffserfarung vun minimum 2 Joer am sozio-edukative Beräich 

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Mir bidden:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)

circleInformations

Educateurs diplômés (M/W/NB) - Crèche Nidderfeelen

Permanent contract

27/05/2025

Bongerterwee

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
InstagramFacebook