Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida
Mir siche fir den Centre Formida een Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch.
De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen! Weider Infoe fënns du ënner formida.lu
Deng Aufgaben:
Du bass responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an Entwécklungspläng (Opnam, Orientéierung, individuell Begleedung) vun de Jugendlechen
Du begleets a beréits d‘Equipe bei der Orientéierung vun de Jugendlechen am Kader vun hirem individuellen Entwécklungsplang
Du koordinéiers d’Kooperatioun mat de Familljen, externe Servicer a Lycéeën
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom a verfüügs iwwert Zousazqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn
Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch schwätzen
Du kenns den Aarbechtskader vum “Aide à l’enfance et à la famille” Gesetz, souwéi d’Rahmebedingunge vum lëtzebuergesche schouleschen a sozioprofessionelle Kontext
Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren
Du bass kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung a Berodung vu Strategie bezüglech individueller Hëllefsmoossnamen
Du kanns eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozess opstellen
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
Information
Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida
Permanent (CDI)
30/03/2026
Esch-sur-Alzette
Bachelor's Degree
Part Time

