NEW Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT
Am Kader vun der Verstäerkung vun eisem IT-Departement sicht eis Zentraladministratioun een engagéierten Chef de projet technique (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.
D’IT-Team vun arcus spillt eng zentral Roll an der digitaler Entwécklung vun eiser Organisatioun. Eis Equipe ass an alle Beräicher vun arcus aktiv - vun der Zentraladministratioun bis an d’Kannerhaiser - a schafft all Dag dorun, performant, sécher an innovativ IT-Léisungen ëmzesetzen. D'Zil ass et, d’Aarbechtsprozesser ze vereinfachen, d’Qualitéit vun eise Servicer nohalteg ze stäerken an d’Organisatioun digital weiderzebréngen. Dobäi setze mir op en enken Austausch mat alle Servicer an op praktesch, bedierfnisorientéiert Approchen. An eiser IT-Equipe kriss du d’Méiglechkeet déi digital Zukunft vun enger engagéierter Organisatioun matzegestalten. Als Chef de projet technique iwwerhëls du eng Schlësselroll an der Koordinatioun vu techneschen an transversale Projeten a vertrëtts d’IT-Team no bannen an no baussen - ëmmer an enker Zesummenaarbecht mam Responsabel vum Service.
Deng Aufgaben
Pilotage vun techneschen IT-Projeten
Koordinatioun vu verschiddenen IT-Projeten (Analyse, Planifikatioun, Ëmsetzung an Evaluatioun)
Strukturéieren a verwalten vum Portfolio vun techneschen IT-Projeten (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Sécherheet, Applikatiounen)
Enk Zesummenaarbecht mat den verschiddenen techneschen Responsabelen bei der Planifikatioun, Suivi a Leedung vun de Projeten
Aféieren a weiderentwéckelen vu Methoden, Prozesser a Tools fir d’Projetsgestioun
Festleeën vun de Projetsdaten (Planning, Budgeten, Ressourcen, Risiken) an Erstellen vu reegelméissege Rapporten fir den IT-Management
Transversal Projeten a Vertriedung vum IT-Departement
Vertrieden vum IT-Service an interne Projeten mat IT-Komponent
Transversal Zesummenaarbecht mat aneren Servicer fir Bedierfnesser z’identifizéieren a nohalteg Léisungen ze entwéckelen
Technesch Expertise schonn an de Konzeptiounsphasen abréngen, fir Emsetzbarkeet, Architektur, Integratioun an Sécherheet ze sécheren
IT-Auswierkungen vu net-IT-Projeten analyséieren (Opwand, Käschten, Ofhängegkeeten a technesch Risiken)
Koordinatioun tëscht Fach-Equippen, transversale Projetscheffen an IT-Equipe
Sécherstellen datt d’Projeten mat IT-Standarden, Architektur a Roadmap iwwereneestëmmen
Projetkultur a kontinuéierlech Verbesserung
Matwierken un der Entwécklung vun enger gemeinsamer IT-Projetskultur an enger gemeinsamer Sprooch tëscht IT a Fachberäicher
Bedeelegung un der kontinuéierlecher Verbesserung vun de Leedungs-, Koordinatiouns- an Prioriséierungsprozesser vun de Projeten
Iwwerhuele, jee no Besoin, vun der Koordinatioun vu komplexen techneschen oder transversale Projeten
Däi Profil
Een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor an der Informatik, den Informatiounssystemer oder engem änleche Beräich
Minimum 5 Joer Beruffserfarung an der Gestioun vun techneschen IT-Projeten, als Chargé de projet technique oder an enger transversaler IT-Koordinatiounsfunktioun
Gutt technescht Versteesdemech an d'Fäegkeet, operativ am IT-Team matzeschaffen (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Applikatiounen, Sécherheet)
Fäegkeet den IT-Service ze vertrieden a funktionell Besoinen an technesch Impakter z’iwwersetzen
Exzellent Kommunikatiouns-, Koordinatiouns- a pedagogesch Kompetenzen
Strukturéiert, autonom a resultatorientéiert Aarbechtsweis
Staarken Teamgeescht
Fäegkeet a Motivatioun transversal ze schaffen an als Bindeglidd tëscht IT an anere Servicer ze wierken
Kenntnisser vu Programméierung (Python an/oder VBA)
Beherrschung vu Tools a Methodologien an der IT-Projetsgestioun (Agile, Scrum, PRINCE2, ITIL, PMP)
Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch op Niveau C1
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Information
NEW Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT
Permanent contract
03/03/2026
Avenue Gaston Diderich
Bachelor
Full-time

