NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen
Mir siche fir eise Service „Betreit Wunnen“: Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom a selbststänneg Liewens- an Handlungsweis ze entwéckelen. An engem multidisziplinären Team ginn si individuell beroden, opgeholl an op hirem perséinleche Wee begleet. De Service stellt de Jonken entweder en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder ee Studio zur Verfügung. All Mataarbechter profitéiert vu reegelméissege Fall- a Teamsupervisiounen, souwéi vun Eenzelcoachingen mam Chef de Groupe. Dëst erméiglecht eng kontinuéierlech Reflexioun, perséinlech Weiderentwécklung an eng gutt Virbereedung op d’Erausfuerderunge vum professionellen Alldag.
Deng Aufgaben:
Fachlech an organisatoresch Leedung vun der Regioun Zentrum vum Service
Opbau a Fleeg vun engem Netzwierk mat wichtegen Acteuren aus dem soziale Beräich an der Regioun Zentrum
Enkt Zesummeschaffen mat internen an externe Kooperatiounspartneren
Organisatioun a Moderatioun vun Teamversammlungen
Organisatioun an Duerchféierung vu reegelméissege Mataarbechtercoachingen
Sécherstelle vun der pädagogescher Qualitéit an enger konformer, professioneller Dokumentatioun
Féiere vun Zilvereinbarungs- an Evaluatiounsgespréicher mat jonken Erwuessenen
Fachlech a methodesch Ënnerstëtzung vun der Ekipp an der individueller Begleedung vun de jonken Erwuessenen
Iwwerhuele vun enger transparenter a kloer definéierter Schnëttstell tëschent dem Team an der Direktioun/Leedung
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am soziale Beräich
Du hues mindestens 5 Joer Beruffserfarung am edukativen oder sozialpädagogesche Beräich
Du fills dech fäeg a bereet Verantwortung fir eng Ekipp ze iwwerhuelen
Du hues de Fürerschäin B an een eegenen Auto
Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen
Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleede vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann
Du bass motivéiert a flexibel an engem Ëmfeld ze schaffen an deem Imprevuen a Changementer Deel vun denger Aarbecht sinn
Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schreiwen a schwätzen, all weider Sprooch ass vu Virdeel
Weiderbildungen an/oder praktesch Erfarung an de follgende Beräicher ass vu Virdeel: Deseskalatiounsmanagement, Systemesch Autoritéit, Systemesch Berodung
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


