• Companies
  • Jobs
  • News
EmployersSign In
Sign In
Alleyesonme.jobs

Alleyesonme.jobs

About UsJob OffersPressSolution
Follow us
LinkedInInstagramFacebook
Arrow

Subscribe

Terms and ConditionsPrivacy PolicyCookie ManagementRecruitment Charter
Banner
arcus asbl
arcus asbl - Avenue Gaston Diderich, Luxembourg, L-1420, Luxembourg

NEW Assistant social (M/W/NB) - agence dageselteren

Mir siche fir d'agence dageselteren : Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch


D’agence dageselteren ass e Service fir d’Aus- a Weiderbildung vun Dageseltere, souwéi vu Persounen, déi dëse Beruff ausübe wëllen. D'Agence ass gläichzäiteg eng Plaz fir Informatioun a professionell Ënnerstëtzung fir Dageselteren an Elteren. D’Ziler vun der agence dageseltere sinn d’Qualitéit vun der familiärer Kannerbetreiung ze verbesseren an d’Vereenbarkeet vu Beruffs- a Familljeliewen ze fërderen.


Deng Aufgaben:

  • Dageselteren an hirer alldeeglecher Aarbecht um sozialen an administrativen Niveau ënnerstëtzen a begleeden

  • Elteren an Dageselteren an hirem Alldag beroden

  • Formatiounen an Atelieren fir Dageselteren halen a moderéieren

  • Vernetzt mat alle Partner an der Kannerbetreiung schaffen

  • De Beruff vun den Dageselteren als wichtegen Pilier an der Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg promouvéieren

 

 Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social

  • Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 3 Joer an engem änleche Posten

  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung

  • Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen

  • Du hues e Permis B an en Auto

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformation

NEW Assistant social (M/W/NB) - agence dageselteren

Permanent contract

06/01/2026

Avenue Gaston Diderich

Bachelor

Part-time

Follow Us
LinkedInInstagramFacebook
https://www.arcus.lu
https://www.arcus.lu
Explore the company