NEW Aide socio-familiale / Auxiliaire de vie (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Zentrum-Süden)
Mir siche fir eise Service „Betreit Wunnen“ (Regioun Zentrum - Süden): Aide socio-familiale / Auxiliaire de vie (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom a selbststänneg Liewens- an Handlungsweis ze entwéckelen. An engem multidisziplinären Team ginn si individuell beroden, opgeholl an op hirem perséinleche Wee begleet. De Service stellt de Jonken entweder en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder ee Studio zur Verfügung. All Mataarbechter.in profitéiert vu reegelméissege Fall- an Teamsupervisiounen, souwéi vun Eenzelcoachingen mam Chef de Groupe. Dëst erméiglecht eng kontinuéierlech Reflexioun, perséinlech Weiderentwécklung an eng gutt Virbereedung op d’Erausfuerderunge vum professionellen Alldag.
Deng Aufgaben:
Du bass verantwortlech fir 6–10 Wunngemeinschafte mat jeeweils 3–6 jonken Erwuessenen
Du begleets jonk Erwuessener (17–27 Joer) an hire verschiddene Liewensberäicher
Du mëss wéchentlech individuell Rdv’en mat de Jonken
Du vermëttels Alldags- a Liewenskompetenzen (Raumen, Botzen, Wäschen, Akafen, Kachen, Ënnerhalt vun Haushaltsapparater, etc.)
Du keefs Material fir d’Wunnengen an a këmmers dech ëm de Suivi vun der Facturatioun
Du dokumentéiers deng Interventioune bei de Jonken
Du hëls Deel u Gruppen- an Teamversammlungen
Däi Profil:
Du hues een Diplom als Auxiliaire de vie oder eng Ausbildung als Aide socio-familiale
Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten
Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht
Du hues ee gudde Kontakt zu jonken Erwuessener an hues d’Fäegkeet se individuell ze beroden a begleeden
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen, Englesch ass vu Virdeel
Du hues e Führerschäin (Kategorie B)
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


