

NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)
Mir siche fir eise Service „Familljenhaus“, baséiert zu Izeg : Agent administratif (M/W/NB) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch
Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer: Aide familiale, Assistance familiale, Placement familial, Berodungsdéngscht a Quai57 (Suchtberodung).
Deng Aufgaben:
Du bass zoustänneg fir d’Gestioun vun den Uriff, Mailen a Courrier
Du mëss den administrative Suivi (Encodage, Dokumenter, etc.) a Verbindung mat de Prestatiounen
Du bass zoustänneg fir d’Aarbechtsplanifikatioun vum Service Aide familiale
Du këmmers dech ëm déi deeglech administrativ Aarbecht vum Service
Du assuréiers d’telefonesch Ruffbereetschaft (“astreinte téléphonique”) ee Weekend pro Mount
Däi Profil:
Du hues een Diplom (minimum DAP) am Beräich Administratioun, Sekretariat oder änlech
Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung an engem administrative Posten
Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht
Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
Du hues ee gudde Kontakt mam Client
Du hues gutt Kenntnisser am MS Office (Word, Excel, Outlook, etc.)
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen, Portugisesch ass vu Virdeel
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Information
NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)
Permanent contract
02/12/2025
rue de Contern
General certificate / Technical certificate
Full-time