

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Educateur diplômé oder gradué
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Grooljer Haus" zu Gralingen an
CDD deelzäit oder vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben:
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Formatiounen am Beräich Deseskalatiounsmanagement vu Virdeel sinn
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 / C6)
Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
InformationEd. dipl. / gradué (m/w/d) fir d'Wunngrupp Grooljer Haus zu Gralingen - CDI 50% bis 100%
Fixed-term contract
05/01/2026
rue Principale
Part-time