System-& Data Ingenieur (m/f/x) 100% CDI - service informatique
Obligatoresch Kompetenzen:
Minimum 5 Joer Erfarung an der Systemverwaltung an am technesche Support Niveau 2/3
Infrastrukturverwaltung
«Data & Reporting»
Automatisatioun & «Code»
Projetverwaltung
Beherrsche vum Franséischen an Däitschen (B2 Niveau erfuerdert), Lëtzebuergeschkenntnisser sinn en Avantage
Besëtz vun engem Führerschäin (Permis B)
Virdeeler fir de Posten:
Erfarung mat Equipementer wéi FortiGate, Aruba, UniFi
Kenntnisser am Appleëmfeld (macOS, iOS)
Kenntnisser vum Microsoft Intune Ëmfeld
Kenntnisser vun ITIL «Best Practices»
Kenntnisser vun de Methodologië vun IT Projetmanagement
Är Aufgaben:
An engem dynameschen an engagéierten Team, drot Dir zur Qualitéit vum «service informatique» vun der Fondation Kräizbierg bäi duerch:
Verwaltung an Ënnerhalt vu Serverëmfelder
«Active Directory» Verwaltung an VMware Virtualiséierung
Ënnerhalt an Aktualiséierung vun der technescher Dokumentatioun
Erstellung an Optimiséierung vun SQL-Ufroen
an all aner Aufgaben, déi fir de gudden Zoustand vun der IT-Infrastruktur vun der Fondation Kräizbierg noutwendeg sinn
Mir bidden:
Een permanenten Aarbechtskontrakt (CDI) vun 40 Stonnen pro Woch
Een attraktivt Gehalt, entspriechend der CCT-SAS, Karriär C4/C5 (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
Eng mënschlech an oppen Ëmwelt am Déngscht vum soziale Secteur
Méiglechkeet fir Formatiounen ze maachen, mat Zertifikatioun
Zougang zu verschiddene a modernen Technologien
Réf. FK2622
R.C.S. Luxembourg : G 34
Informationen
System-& Data Ingenieur (m/f/x) 100% CDI - service informatique
Dauerhaft (CDI)
17/03/2026
Dudelange
Vollzeit

