Banner
bildbrauerei Luxembourg
bildbrauerei Luxembourg - Colmar-Berg, LU

Social Media Producer (m/f/d)

 📱Mir sichen dech!

Du gesäis alles am 9:16 an denks just nach "FYP"?
Du bass kreativ, denks a Formater a verstees, wéi d'sozial Medie funktionéieren?
Du versteess net nëmmen Narrativer, du setz se?
Du hues net nëmmen ee Gespier fir Plattformen, Trends a Content, mä du kanns Iddie séier a performant Posts ëmsetzen?

Egal ob TikTok, Instagram, Facebook oder LinkedIn – wann s du Strategie, Kreatioun a Verdeelung verbanne kanns, da siche mir dech!

🙌 Deng Aufgaben

  • Entwécklung an Ëmsetze vu Social-Media-Strategien iwwer verschidde Plattformen

  • Planung, Erstellung a Verëffentlechung vu Content (Video, Foto, Text)

  • Upassung vu Content un d’Logik vu verschiddene Plattformen (z. B. TikTok, Instagram, LinkedIn)

  • Schnell Produktioun vu Shortform Content (Reels, TikToks, Stories)

  • Redaktiounspläng erstellen an d’Kanäl koordinéieren

  • Identifikatioun vun Trends a schnell Reaktioun op aktuell Themen

  • Enk Zesummenaarbecht mam Kreativteam an der Produktioun (Foto/Video)

  • Analyse vu Performance an Optimiséierung vu Formater a Posts

  • Clientskontakt

🎒 Dat bréngs du mat

  • Erfarung am Social Media Management oder der Content Creation

  • Sécheren Ëmgang mat Plattformen + Gespier fir Trends an digital Formater

  • Erfarung am Video-Editing (z. B. CapCut, Premiere, etc.)

  • Gudde Schreifstil an e Gefill fir Storytelling

  • Strukturéiert Aarbechtsweis an d’Fäegkeet, verschidde Kanäl parallel ze managen

  • Schnell Reaktiounsfäegkeet a Hands-on Mentalitéit

  • Interesse fir aktuell Themen, Medien an/oder Politik ass e Plus

  • Du schwätz op mannst zwou vun de Lëtzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)


🤝 Wien mir sinn?
Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen, oder besser, muss.

Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.

D'Welt brauch net méi Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.

Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment.
Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gär ukuckt an dee bleift.
Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter déi doraus entstinn.

🚀Wat mir bidden

  • Onbefriste Kontrakt (CDI) – flexibel Aarbechtszäit (och Deelzäit méiglech)

  • Flexibel Aarbecht (Remote / Hybrid zu Lëtzebuerg)

  • Vill Verantwortung an direkten Impakt op d’Kommunikatioun

  • Eng kreativ, dynamesch Teamkultur

  • Méiglechkeet, nei Formater ze testen an aktiv matzegestalten

  • Weiderbildung am Beräich Social Media, Content a Plattformstrategien

  • International Cliente a grenziwwergräifend Zesummenaarbecht mat eiser Ekipp an Däitschland

  • Content um Bols vun der Zäit.

✉️ Kléngt no dir?
Da schéck eis däin CV, eventuell Referenzen oder Content, deen s du gemaach hues, un info@bildbrauerei.de

Mir freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.

circleInformationen

Social Media Producer (m/f/d)

Dauerhaft (CDI)

26/03/2026

Colmar-Berg

Keine erforderlich

Vollzeit

Folge uns
LinkedInInstagram