Responsable de Service - 40h/sem - CDI - Centre de Ressources BIBLIOBUS - Léiwéng
CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessen
https://www.cjf.lu
CJF Lëtzebuerg a.s.b.l., fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., hei als « CJF » bezeechent, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat 38 Joer Engagement am soziale Secteur. Mat iwwer 750 Mataarbechter*innen, méi wéi 40 Strukturen an Servicer an eng Presenz an 19 Gemengen gehéiere mir zu de grousse Referenzen am Grand-Duché.
Als Member vun Bientraitance a.s.b.l. vertriede mir eng Kultur vun Respekt an professioneller Bientraitance. Eis Missioun „Zesumme wuessen“ gëtt an all eise Projeten ëmgesat, am Aklang mat de Mënscherechter an de Rechter vum Kand.
Am Kader vun der Weiderentwécklung vun eisem spezialiséierte Service siche mir:
Een Responsable de service – Bibliobus (H/F/X)
De Bibliobus, gegrënnt 2020 a baséiert zu Livange, ass e Centre de ressources spezialiséiert op den accompagnement pédagogique vun edukative Strukturen am Beräich vun der fréier sproochlechen an plurilinguale Entwécklung.
D’Missioun vum Bibliobus ass:
D’Education linguistique et plurilingue précoce aktiv ze fërderen;
Kanner Zougang zu Sproochen, Kulturen a Geschichten ze ginn;
eng oppe a positiv Haltung vis-à-vis vu Bicher a Sproochen ze stäerken;
d’Ëmsetzung vum Cadre de Référence National de l’Éducation non formelle gezielt z’ënnerstëtzen.
D’Equipe vum Bibliobus (3 Persounen inklusiv Responsable) intervenéiert direkt an den Strukturen, analyséiert Bedierfnesser a begleet edukativ Ekippen bei der Planung an Ëmsetzung vu Projeten ronderëm d’Buch, d'Sprooch an d’Kommunikatioun.
Är Missiounen:
Als Responsable de service iwwerhëlt Dir d’fachlech, managérial an organisatoresch Leedung vum Bibliobus:
Dir garantéiert de gudde Fonctionnement vum Service op allen Niveauen;
Dir féiert, strukturéiert a begleet eng Equipe vun 2 Mataarbechter*innen;
Dir assuréiert d’Applikatioun vum Aarbechtsrecht, der CCT-SAS, dem ROI an dem RTS;
Dir garantéiert d’Konformitéit mat ministeriellen an institutionnelle Richtlinnen;
Dir entwéckelt, implementéiert an evaluéiert de pédagogesche Kader vum Service;
Dir initiéiert an encadréiert pädagogesch Projeten am Beräich Sprooch, Kommunikatioun a Medien;
Dir beréit an accompagnéiert edukativ Ekippen an de Strukturen;
Dir representéiert de Service Bibliobus intern an extern;
Dir assuréiert den administrativen, qualitativen a finanziellen Suivi;
Dir garantéiert d’Gesondheet a Sécherheet vun de Mataarbechter innen an de Beneficiairen.
Äre Profil :
Besëtzer in vun engem Diplom als Educateur gradué oder vun engem gläichwäertegen Diplom, unerkannt am Grand-Duché de Luxembourg.
Sécher Beherrschung vun den dräi offizielle Sproochen:
Lëtzebuergesch (minimum Niveau B1.2),
Franséisch,
Däitsch;
Confirméiert Erfarung an enger Responsabilitéits- oder Leedungsfunktioun;
Déifgräifend Kenntnisser vum lëtzebuergesche soziale Secteur;
Staark pädagogesch Sensibilitéit fir fréi sproochlech a plurilingual Entwécklung;
Ausgeprägt managérial a kommunikativ Kompetenzen;
Proaktiv, strukturéiert an autonom Aarbechtsweis;
Sécher Ëmgang mat gängegen IT-Tools;
Flexibilitéit an Disponibilitéit;
Führerschäin Kategorie B.
Mir bidden Iech :
Eng attraktiv Remuneratioun no der CCT-SAS;
Eng strategesch a sënnvoll Schlësselpositioun an engem innovativem Service;
Eng engagéiert an héich qualifizéiert Ekipp;
En respektvoll a professionellen Kader;
Gezielte Weiderbildungen a fachlech Entwécklung;
En CDI à 40 Stonnen/Woch (Karriär C6 maximal);
Eng Entrée direkt oder no Ofsprooch ;
Dir wëllt Bildung, Sprooch a Kultur aktiv matgestalten?
Ass Bildung deng Beruffung ?
Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.
Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).


