Responsabel Familienaarbecht (m/f/x) - CDI - 40 Stonnen / Woch - Siège Howald CJF_20260309
CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. (fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.), hei « CJF » genannt, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat iwwer 38 Joer Engagement am soziale Beräich. Mir zielen iwwer 750 Mataarbechter a sinn aktiv a méi wéi 40 Strukturen a Servicer an 19 Gemengen am Land. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l., dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.
Eis Missioun an all eisen Handlungen ass : Zesumme wuessen.
All eis Aktiounen orientéieren sech un de Prinzipien vun der Déclaration universelle des Droits de l’Homme et de la Déclaration des Droits de l’Enfant. Eis Mataarbechter schaffen deeglech mat Kanner, Jugendlechen a Famille fir e séchert Ëmfeld ze kreéieren, wou all Kand, Teenager oder jonken Erwuessen d’Méiglechkeet huet sech z’entwéckelen, onofhängeg vu senger Situatioun oder Differenz.
Mir sichen en engagéierte Mataarbechter (m/f/x), deem seng Roll et ass, Kanner an hir Famillen a komplexe Situatiounen ze begleeden. Dir spillt eng wichteg Roll als Facilitateur, Ënnerstëtzer a Koordinator, mat Berücksichtegung op d’Komplexitéit vum Familljesystem.
Är Missioun :
Als de Responsabel Famillienaarbecht – aide à l’enfance (m/f/x) – fir d’Begleedung vun de Famillien (relatioun Elteren - Kanner), hu Dir follgend Missiounen:
Ënnerstëtzung vum Kand a sengem Ëmfeld
- E Vertrauensverhältnis mam Kand a mat der Famill opzebauen, wou d’familiär Verbonnenheet als essenziell fir d’Entwécklung vum Kand gesi gëtt.
- D’Famill an d’Kand dobäi begleeden, d’Situatioun ze verstoen an hir Bedierfnesser auszedrécken, mat spezieller Opmierksamkeet op emotional a relationnell Erliefnisser.
Aktiv mat de Famille schaffen
- Elteren oder familiär Responsabel ënnerstëtzen, och a Situatioune vu staarker Vulnerabilitéit, fir hier pädagogesch Roll zréckzekréien oder ze halen.
- Eng kloer a kontinuéierlech Kommunikatioun mat béiden Eltere sécheren, dat am Respekt vun der gemeinsamer elterlecher Autoritéit, ausser et gëtt eng aner geriichtlech Decisioun.
- Mam Familljennetzwierk schaffen: existent Ressourcen an der Famill sichen.
- D’Moossnamen erkläeren an de Recht op Informatioun fir d’Eltere sécheren, ëmmer mat dem Kand sengem Interessi am Mëttelpunkt.
- Eng konkret Hëllef gi fir d’elterlech Fäegkeeten ze stäerken.
- A Situatioune vu Spannung oder Krise berouegend, strukturell a professionell agéieren.
D’legal Kaderen an d’Rechter respektéieren
- D’lëtzebuergesch Kaderkonventioun an di nei Texter iwwert d’Rechter vum Kand an der Famill ëmsetzen.
- D’Coparentalitéit a d‘Familljebezéiunge stäerken, soulaang et am Interessi vum Kand ass.
- Sécher stellen datt all Handlung den Equiliber tëscht de Rechter vum Kand an de Rechter vun den Elteren respektéiert.
Koordinatioun mat de Partner (Institutiounen a Organisatiounen)
- An enker Zesummenaarbecht mat Servicer wéi ONE, SCAS, Schoulen, therapeutesch a psychologesch Servicer, Geriichter an aner Acteuren schaffen.
- Un multidisziplinäre Koordinatiounssëtzungen deelhuelen wou dir eng global Vue op d’Familljesituatioun vertrëtt.
- Am Groupe de vie als Koordinator tëscht Famill a Kand handelen, fir eng gutt Zesummenaarbecht am Interessi vum Kand ze garantéieren.
Äre Profil :
Universitéitsdiplom (Master) a Pädagogik, Sozialwëssenschaften oder eng gläichwäerteg Ausbildung (Sozialaarbecht, Psychologie, Educatioun, Gesetz oder änlech).
Gutt Kenntnisser vum Secteur de l’aide à l’enfance an dem legale Kader zu Lëtzebuerg.
Erfarung an enger änlecher Funktioun (Jugendschutz, Familljebegleedung, elterleche Support) ass e grousse Pluspunkt.
Lëtzebuergesch a Franséisch beherrschen. Weider Sproochen, wéi Däitsch, Portugisesch, Englesch, Arabesch etc., si vu groussem Virdeel.
Kompetenzen oder Ausbildung a Familljemediatioun, SOP, Systemik, Traumasensibilitéit a Resilienz.
Staark Fäegkeet fir nozelauschteren, ze analyséieren a komplex Familljesituatiounen ze verstoen, dëst an engem fermen, ethesche Kader.
Gutt Schreif- a Kommunikatiounsfäegkeeten.
Disponibel, flexibel a bereet sinn no engem Horaire mobile ze schaffen, jee no de Besoine vun de Familljen an dem Service.
Fäegkeet selbststänneg ze schaffen, kloer Struktur ze setzen an emotional Situatioune professionell ze geréieren.
Mir bidden :
Eng attraktiv an evolutiv Pai no der gülteger CCT-SAS Konventioun (Karriär C7 maximum),
E professionellt a bienveillant Aarbechtsëmfeld,
Eng positiv Betribskultur mat der Méiglechkeet, sech an engem multidisziplinären an engagéierten Team ze integréieren,
Formations continues fir Är professionell Entwécklung,
E CDI (Contrat à durée indéterminée) 40 Stonnen / Woch,
Entrée immédiate oder no Vereinbarung.
Ass Educatioun Deng Vocatioun? Da freeë mir eis op dech !
CJF setzt op staark Wäerter: Engagement, Oppenheet vis-à-vis vun Aneren an hir Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.
Eis Rekrutéierungspolitik garantéiert e gläichberechtegten Zougang zu Opportunitéite fir all Talenter. All Kandidature gi mat Gläichheet a Respekt behandelt.
Een Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.
D’Informatiounen déi gesammelt ginn, sinn Objet vun engem Traitement fir d’Gestioun vun der Demande ze erméiglechen. Si ginn de Memberen an de Servicer vun der CJF zur Verfügung gestallt, dëst a Konformitéit mam Reglement (UE) 2016/679 vum Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Informationen
Responsabel Familienaarbecht (m/f/x) - CDI - 40 Stonnen / Woch - Siège Howald CJF_20260309
Dauerhaft (CDI)
10/03/2026
Howald
Master-Abschluss
Vollzeit

