NEW Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg
Mir sichen fir verschidden Gruppen vum Kannerhaus Itzeg: Educateurs diplômés (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch:
- Foyer Doheem zu Itzeg
- Foyer Kopplabunz zu Capellen
- Petit Groupe Oasis zu Hamm
- Petit Groupe Evoli zu Contern
D'Kannerhaus Itzeg bitt Kanner a Jugendlecher e strukturéierten a stabele Liewensraum, an deem si am Alldag begleet ginn. Als Erzéier bass du Deel vun engem familiären, multidisziplinären Team a bass am Alldag vun de Kanner dobäi. Deng Roll besteet doran, si ze begleeden an hir perséinlech Entwécklung ze ënnerstëtzen. Et erwaart dech e strukturéiert, teamorientéiert a respektvollt Aarbechtsëmfeld, mat Raum fir Austausch a fachlech Weiderentwécklung.
Deng Aufgaben:
Alldeeglechen Encadrement vu Jugendlechen am Alter vun 13 bis 18 Joer
Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten, Projeten a Kolonien
Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du bass motivéiert dech kontinuéierlech weider ze entwéckelen
Dir kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informationen
NEW Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Itzeg
Dauerhaft (CDI)
27/03/2026
Itzig
Berufsausbildung
Teilzeit

