Banner

NEW Educateur gradué (M/W/NB) – CST Pino (Lamadelaine)

Mir siche en Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 35 Stonnen/Woch fir den Centre socio-thérapeutique Pino zu Lamadelaine.


Am CST begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass et och a, fir et, iwwerfuerdere Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schaffe Bewosstsi fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.


Deng Aufgaben:

Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:

  • Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter

  • D'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleeden

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

  • Dokumentatioun vu Prozessverleef

 

Däi Profil:

  • Du hues een unerkannten Diplom als éducateur gradué

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du hues d'Fäegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

 

Wënschenswäertes

  • Du hues Erfarung am Beräicher vun der Kanner- a Jugendhëllef

  • Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapedagogik, Deeskalatioun Erlebnispedagogik, Konschtpedagogik asw. si vu Virdeel

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

circleInformationen

NEW Educateur gradué (M/W/NB) – CST Pino (Lamadelaine)

Dauerhaft (CDI)

02/04/2026

Lamadelaine

Bachelor-Abschluss

Teilzeit

Folge uns
LinkedInInstagramFacebook