Banner

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngrupp Taipa

Mir siche fir de Wunngrupp Taipa en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 32 Stonnen/Woch


D'Kannerhaus Jonglënster besteet aus dräi Liewensgruppen (1 Jugendgrupp, 2 Kannergruppen) mat insgesamt 26 Better. An engem integrativen Ëmfeld fuerdere mir d'Entwécklung vun de Kanner a Jugendlechen, schaffen enk mat de Elteren zesummen a bidden eng individuell Ënnerstëtzung.


Deng Aufgaben:

  • Alldeeglechen Encadrement vu Jugendlechen am Alter vun 13 bis 18 Joer

  • Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten, Projeten a Kolonien

  • Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du bass motivéiert dech kontinuéierlech weider ze entwéckelen

  • Dir kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformationen

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Wunngrupp Taipa

Dauerhaft (CDI)

11.11.2026

Jonglënster

Berufsausbildung

Teilzeit

Folge uns