NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk
Mir siche fir eisen neie Projet Hand & Wierk zu Itzeg een Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch.
Du hues Loscht op eng spannend an inspiréierend Erausfuerderung?
Du schaffs gär mat Jonken a wëlls se aktiv op hirem Wee an d’Beruffsliewe begleeden?
Da bass du bei eis genee richteg!
Eisen neie Projet Hand & Wierk huet als Zil, Jonker op hirem Wee an eng berufflech an autonom Zukunft ze ënnerstëtzen. An engem geschützte Kader, verbonne mat konkreten Aarbechtsplazen a verschiddenen Handwierks- a Praxisberäicher, bidde mir hinnen eng éischt berufflech Erfarung an eng Bréck an den oppenen Aarbechtsmarché. De Projet ass innovativ ugeluecht a bitt eng laangfristeg Perspektiv – fir déi Jonk wéi och fir eis Mataarbechter:innen.
Deng Aufgaben:
Begleedung vu Jonken an hirer berufflecher a perséinlecher Entwécklung
Schafe vun engem zoutraulechen Aarbechtsëmfeld, an deem Jonker praktesch Erfarung sammelen an u Selbstvertrauen gewannen fir hir berufflech Zukunft ze gestalten
Praktesch Handwierksaarbecht zesumme mat engem Handwierker an de Jonken
Fërdere vu fachleche Kompetenzen a Sozialfäegkeeten
Ënnerstëtzung beim Iwwergang an d’Beruffsliewen: Bewerbungsprozesser, Stagen, Léierplazen, an déi éischt Schrëtt um Aarbechtsmarché
Entwécklung a Leedung vu Workshops an Atelieren, déi un d’Realitéite vun der Aarbechtswelt ugepasst sinn
Zesummenaarbecht mat Schoulen, Formatiounsinstituter, Employeuren an anere Partner
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé
Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer
Du bass bereet en innovative Projet aktiv mat opzebauen
Du bass motivéiert Jonker fir d’Beruffswelt ze begeeschteren
Du hues Interessi a Freed un praktescher Handwierksaarbecht mat Jonken
Du hues Freed dorunner Jonker ze begleeden, an hinne Struktur, Sécherheet an Inspiratioun ze bidden
Du bréngs Empathie, Gedold a gutt Kommunikatiounsfäegkeeten mat
Du bass bass fäeg, souwuel am Team wéi och autonom ze schaffen
Du hues ee Fürerschäin
Du hues Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
Informationen
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk
Dauerhaft (CDI)
18/03/2026
Luxembourg
Berufsausbildung
Vollzeit

