Grafikdesigner (m/f/d)
🇱🇺🎨 Mir sichen dech!
Du bass kreativ am Kapp, strukturéiert an der Ëmsetzung a fills dech souwuel am Design wéi och am Projectmanagement doheem?
Du hues een A fir staark visuell Konzepter, kanns Iddie kloer kommunizéieren a Projete souverän féieren?
Egal ob Layout, Branding, Campagnen oder Client-Ofstëmmung – wann s du Gestaltung mat Verantwortung verbanne wëlls, bass du bei eis richteg.
🛠️ Deng Aufgaben
Konzeptioun an Ëmsetzung vun Design-Léisunge fir Campagnen, Social Media, Web a Print
Selbststänneg Gestioun vu Projeten – vum Briefing bis zur Ëmsetzung
Erstelle vu Layouten, Grafiken, Presentatiounen a visuelle Konzepter
Enk Zesummenaarbecht mat Clienten, Projetmanager:innen an dem Kreativteam
Plange vun Timelines, Ofstëmme vu Feedback-Schleefen a Sécherstelle vun Deadlines am Team
Matentwécklung vu Markenoptrëtter, Campagnen-Iddien a Designsystemer
Du bréngs deng eegen Iddien eran an entwéckels Projeten aktiv weider
🎒 Dat bréngs du mat
Erfarung am Grafikdesign, Kommunikatiounsdesign oder visueller Gestaltung
Éischt Erfarung am Projetmanagement oder an der Koordinatioun vu Kreativprojeten
Sécher Ëmgank mat Tools wéi Adobe CC (InDesign, Illustrator, Photoshop), Figma oder änlech
E gutt Gefill fir Design, Marken, Typografie a visuell Trends
Strukturéiert a selbststänneg Aarbechtsweis mat gudder Organisatioun
Staark Kommunikatiounsfäegkeeten am Ëmgang mat Team a Clienten
Hands-on-Mentalitéit a Verantwortungsgefill
Du schwätz op mannst zwou vun de Lëtzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)
🌟 Wat mir dir bidden
Onbefriste Kontrakt (CDI) – 40 Stonnen/Woch (och 75% méiglech)
Flexibel Aarbechtszäiten an Homeoffice zu Lëtzebuerg méiglech
Eng kreativ, oppen an hëllefsbereet Teamkultur
Vill Plaz fir deng eegen Iddien a Verantwortung
Spannend Projete mat staarke Marken, Institutiounen & Initiativen
International Zesummenaarbecht an Team-Retreats mat eise Büroen an Däitschland
Järleche Budget an Zäit fir Weiderbildung – z. B. Design-Workshops, Tools, Projetmanagement-Trainings
Workations méiglech
Modern Aarbechts-Setup inkl. Laptop & Equipment
E Team, dat Iddie feiert – an nach méi d’Ëmsetzung
🤝 Wien mir sinn?
Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen, oder besser, e muss.
Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz.
D'Welt brauch net méi Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.
Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment.
Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gär ukuckt an dee bleift.
Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter déi doraus entstinn.
✉️ Loscht, Design a Projeten ze verbannen?
Da schéck eis däin CV, däi Portfolio an e puer Zeilen, firwat s du gutt bei eis pass op info@bildbrauerei.de
Mir freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.
Loosst eis zesumme Werbung maachen, déi wierkt a bleift!
Informationen
Grafikdesigner (m/f/d)
Dauerhaft (CDI)
26/03/2026
Colmar-Berg
Bachelor-Abschluss
Vollzeit

