Een Infirmier pédiatrique (w/m/x) - Service zu Péiteng
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren neie Service zu Péiteng motivéiert Personal. A 6 Wunnenge wäerten hei Familljen, Eltere mat enger intellektueller Beanträchtegung zesumme mat hire Kanner, an engem gesécherten Ëmfeld (24h/24; 7j/7) liewen.
Een Infirmier pédiatrique (w/m/x)
CDI – 20 bis 40 Stonnen/Woch – no Ofsprooch
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...)
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot
Responsabilitéiten
An eise Familljen-Wunnengen zu Péiteng, ass et an der Responsabilitéit vum … 6 Elteren ze begleede bei:
der Ëmsetzung vun hirem „Projet de vie“ mam Kand
der Organisatioun vum Alldag
dem Opbau an dem Erhale vun enger Elteren-Kand Bezéiung
der Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vun hirem Kand
Obligatoresch Ufuerderungen
Berufflech Erfarung an engem änleche Beräich hunn
Motivéiert sinn fir en innovative Service mat opzebauen
Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch
Flexibel an de Schaffzäite sinn
Excellent relational a kommunikativ Kompetenzen hunn
Souwuel aleng wéi och an enger Equipe schaffe kennen
Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngunge
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung an hire Kand
Informationen
Een Infirmier pédiatrique (w/m/x) - Service zu Péiteng
Dauerhaft (CDI)
20/03/2026
Péiteng
Berufsausbildung
Vollzeit

