Een diploméiert Erzéier oder een Agent Educatif (w/m/x) - SEAI Kokopelli
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, Een Diploméiert Erzéier oder een Agent Educatif (w/m/x) – CDD (Dispenz + congé maternité) - Deelzäit an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Den inklusiven Educatiouns- an Betreiungsservice Kokopelli, huet als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren.
Als Member vun eisem pluridisziplinären Team, hu dir folgend Aufgaben:
Kanner an hirem Alldag ennerstetzen an begledden.
Diversifiéiert Spill-an Léiergeleeënheeten organiséieren.
Zesummenliewen encadréieren, hellefen dass all Kand seng Platz fennt an matmachen kann.
Eng vertrauensvoll an zouverlässeg Person fir d‘ Kanner an hir Elteren sin.
Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin!
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn (fir diploméierten Erzéier)
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
Staarken Teamgeescht hunn
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.
Informationen
Een diploméiert Erzéier oder een Agent Educatif (w/m/x) - SEAI Kokopelli
Fixed-term contract
13/02/2026
General certificate / Technical certificate
Part-time

