Banner

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Uewerkuerer Haus

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 1.7.2026, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir hier Wunnstruktur Uewerkuerer Haus - 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit .

 

Job description

 

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.


Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

circleInformationen

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Uewerkuerer Haus

Dauerhaft (CDI)

20/04/2026

Oberkorn

Berufsausbildung

Vollzeit

Folge uns