Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht 1 diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch - op bestëmmten Zäit fir eng, Dispense, Congé Maternité mat uschléissendem Congé Parental ze ersetzen.
Job description
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, wei och bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Informationen
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Senior zu Nossbierg
Befristet (CDD)
10/04/2026
Nossbierg
Berufsausbildung
Teilzeit

