Banner

Een diploméierten Aide-Soignant oder Auxiliaire de vie (w/m/x)- Wunstruktur Senior 2

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire wunstruktur senior 2, Een diploméierten Aide-Soignant oder Auxiliaire de vie (w/m/x) fir ee CDD (Dispense/Congé maternité/congé parental )  30 Stonnen/woch, fir ab dem 01.12.2026


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.




Obligatoresch Ufuerderungen


D’Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


circleInformationen

Een diploméierten Aide-Soignant oder Auxiliaire de vie (w/m/x)- Wunstruktur Senior 2

Befristet (CDD)

16.10.2026

Nossbierg

Berufsausbildung

Teilzeit

Folge uns