Banner

Educateur diplômé (m/w/d) - CDI 75% - CST Klick Klack zu MIersch

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir Dagesstruktur

„Centre socio-thérapeutique KlickKlack“

 

een Educateur diplômé (m/w/d)

 

Är Aufgaben:

  •  Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner ;

  • Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung verschidden non-formal Bildungsofferen an dir sidd am Team aktiv un der Ëmsetzung vun dëse Settings um Terrain bedeelegt ;

  • Als perséinlech Referenzpersoun vun engem Kand, sidd Dir an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung zoustänneg fir déi schoulesch a sozioemotional Fërderplanung vum Kand an et ass et Är Aufgab, op eng traumasensibel a participativ Manéier dem Kand ze hëllefen, en Zougang zu senge Ressourcen ze fannen ;

  • Dir sidd am reegelméissegen Austausch mat der Famill vum Kand ;

  • Dir begleet d'Kand um Wee vu senger schoulescher Reintegratioun

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur Diplomé mat der « autorisation d‘exercer ».

  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.

  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.

  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.

  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

  • Dir hutt e Führerschäi B.

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4)

  • Sympass Kaart.


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d‘exercer 

  • Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5

circleInformationen

Educateur diplômé (m/w/d) - CDI 75% - CST Klick Klack zu MIersch

Dauerhaft (CDI)

13/03/2026

Mersch

Berufsausbildung

Teilzeit

Folge uns
LinkedInFacebook