diploméiert Auxiliaires de Vie (w/m/x) fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht diploméiert Auxiliaires de Vie (w/m/x) fir CDI 20 – 30 oder 40 Stonnen/Woch .
Job description
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze ginn déi den Optrag huet, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, no deenen mer bei der APEMH schaffen, ze begleeden. Sie an deenen Beräicher ze ënnerstëtzen wou Hëllef gebraucht gëtt, sief dat am Alldag Doheem, bei der Fräizäitgestaltung, beim akafen an/oder bei administrativen Démarchen.
Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an Autorisation d'exercer sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3 CCT-SAS)
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Informationen
diploméiert Auxiliaires de Vie (w/m/x) fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht
Dauerhaft (CDI)
20.11.2026
Nossbierg
Berufsausbildung
Vollzeit

