Concepteur vu Formatiounen an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille (H/FX) – 25-35h/sem - CDI - Siège Howald
CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. (fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.), hei « CJF » genannt, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat iwwer 38 Joer Engagement am soziale Beräich. Mir zielen iwwer 750 Mataarbechter a sinn aktiv a méi wéi 40 Strukturen a Servicer an 19 Gemengen am Land. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l., dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.
Eis Missioun an all eisen Handlungen ass : Zesumme wuessen.
All eis Aktiounen orientéieren sech un de Prinzipien vun der Déclaration universelle des Droits de l’Homme et de la Déclaration des Droits de l’Enfant. Eis Mataarbechter schaffen deeglech mat Kanner, Jugendlechen a Famille fir e séchert Ëmfeld ze kreéieren, wou all Kand, Teenager oder jonken Erwuessen d’Méiglechkeet huet sech z’entwéckelen, onofhängeg vu senger Situatioun oder Differenz.
Mir siche fir d’Agence de Formation continue ee Concepteur de formation an der Aide à l’enfance, à la jeunessse et à la famille (25-35h)
Är Missioun
An dëser Funktioun drot Dir aktiv zur Entwécklung, Strukturéierung an zur Qualitéitssécherung vun der Weiderbildung am Secteur vun der Aide à l’enfance, à la jeunessse et à la famille (AEF) bäi.
Dir iwwerhuelt eng wichteg Roll an der Analys vun de Bedierfnesser vun de Kannerhaiser a Centres socio-thérapeutiques (Service’er an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille) esou wéi an der Entwécklung vu Formatiounen a Formater fir d’Strukturen an hirer sozialpädagogescher a sozio-therapeutescher Qualitéitsentwécklung ze ënnerstëtzen.
Är Aufgaben
Entwécklung vun der Formatiounsoffer :
Formatiounen ausschaffen, déi op d’Bedierfnesser vum Terrain am AEF ofgestëmmt sinn,
Verbesserungsméiglechkeeten identifizéieren an d’Offer deementspriechend upassen ,
Mat Formateuren an externen Experten zesummeschaffen a begleeden.
Innovatioun a Weiderentwécklung :
Un der strategescher Weiderentwécklung vun der Formatiounsoffer matwierken,
Nei Thematiken a Formater ausschaffen, déi aktuell Erausfuerderungen am Secteur opgräifen,
Innovativ Projeten a Konzepter ausschaffen an ëmsetzen.
Äre Profil :
Bachelor oder Bachelor an den Bildungswëssenschaften, der Pädagogik, der Psychologie, den Sozialwëssenschaften oder eng gläichwäerteg zu Lëtzebuerg unerkannte Qualifikatioun,
Erfarung an der Konzeptioun oder Koordinatioun vu Formatiounen, idealerweis am Beräich AEF an/oder ENF,
Fachkenntnisser an der sozio-therapeutescher Aarbecht mat Kanner, Jugendlechen a Famillen zu Lëtzebuerg,
Praktesch Erfarung an der pädagogescher Aarbecht (z. B. Foyer, Kannerheem, Begleedung vu Famillen, …) ass e Virdeel,
Kënneg an de wichtegsten Themen a Spannungsfelder am AEF an ENF,
Strukturéiert, methodesch a selbstänneg Aarbechtsweis,
Gutt analytesch, redaktionell an organisatoresch Kompetenzen,
Interessi u pädagogescher Innovatioun an un der Weiderentwécklung vum Secteur
Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséisch si vu Virdeel
Mir bidden Iech :
Eng attraktiv Remuneratioun no der CCT-SAS;
Eng strategesch a sënnvoll Schlësselpositioun an engem innovativem Service;
Eng engagéiert an héich qualifizéiert Ekipp;
En respektvoll a professionellen Kader;
Gezielte Weiderbildungen a fachlech Entwécklung;
En CDI à 25-35 Stonnen/Woch (Karriär C6 maximal);
Eng Entrée direkt oder no Ofsprooch ;
Ass Bildung deng Beruffung ?
Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.
Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Informationen
Concepteur vu Formatiounen an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille (H/FX) – 25-35h/sem - CDI - Siège Howald
Dauerhaft (CDI)
24/03/2026
Howald
Bachelor-Abschluss
Teilzeit

