Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20260327-4
D’Cellule fir d’Entwécklung vun der pédagogescher Qualitéit – CJF Lëtzebuerg a.s.b.l.
CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. (fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.), hei « CJF » genannt, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat iwwer 38 Joer Engagement am soziale Beräich. Mir zielen iwwer 750 Mataarbechter a sinn aktiv a méi wéi 40 Strukturen a Servicer an 19 Gemengen am Land. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l., dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.
Eis Missioun an all eisen Handlungen ass : Zesumme wuessen.
All eis Aktiounen orientéieren sech un de Prinzipien vun der Déclaration universelle des Droits de l’Homme et de la Déclaration des Droits de l’Enfant. Eis Mataarbechter schaffen deeglech mat Kanner, Jugendlechen a Famille fir e séchert Ëmfeld ze kreéieren, wou all Kand, Teenager oder jonken Erwuessen d’Méiglechkeet huet sech z’entwéckelen, onofhängeg vu senger Situatioun oder Differenz.
Mir sichen eng engagéiert Fachpersoun, déi mat Passioun un der Entwécklung vu pädagogesche Projeten a Qualitéitsprozesser schaffe wëll. An eiser Cellule fir d’Entwécklung vun der pédagogescher Qualitéit iwwerhëls du eng zentral Roll an der Innovatioun an der Weiderentwécklung vun eisen pädagogesche Konzepter.
Deng Missioun : Entwécklung, Innovatioun, Fuerschung
Als Concepteur/trice de projets pédagogiques drécks du dozou bäi, eis pädagogesch Ausriichtung aktiv ze gestalten an nohalteg ze moderniséieren :
D’Sécherstellung vum Aklang tëscht pädagogescher Praxis, Gesetzeslag, nationale Bildungsrahmenpläng (non-formal a Kanner- a Familljehëllef) an eise Wäerter: Engagement, Oppenheet fir aanerer, Solidaritéit an Bienveillance.
D’Entwécklung an den Update vu pädagogesche Konzepter, op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser, internationale Referenzen an den Erfarunge vum Terrain.
D’Virundreiwe vun der Qualitéitssécherung an -entwécklung, souwuel strategesch wéi och operationell.
D’Observatioun vun neien Trends, Approchen a pädagogeschen Innovatiounen, an d’Iwwersetzung dovun an konkret Tools fir d’Equipe.
D’Adaptatioun vun eisen pädagogeschen Approchen un d’Bedierfnesser vun de Kanner& Jugendlechen, fir eng modern an resilient Praxis ze garantéieren.
D’Präsenz um Terrain ass en integralen Deel vun dëser Funktioun: Du bass reegelméisseg an eise Strukturen ënnerwee, fir pädagogesch Praktiken ze observéieren an ze analyséieren, an d’Equipen aktiv bei der Ëmsetzung an der Weiderentwécklung vu Projeten ze begleeden. Dëst erlaabt et, Konzepter enk mat der Praxis ze verbannen an eng nohalteg Qualitéitsentwécklung ze garantéieren.
Däi Profil :
Du bréngs mat :
Eng déifgräifend Kenntnis vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg.
Mindestens 10 Joer Erfarung am soziale Beräich zu Lëtzebuerg.
En Bachelor am sozio-edukative Beräich, als Assistant·e social·e oder eng gläichwäerteg Formatioun.
Erfarung an der Qualitéitssécherung a Qualitéitsentwécklung.
Eng exzellent Kenntnis vun de Kannerrechter an de Kannerschutzkonzepter.
Oppe Gedanke fir Innovatioun an nei pädagogesch Approchen.
De Wëllen, dech perséinlech a professionell weiderz’entwéckelen.
Freed a Kompetenzen, fir an enger multidisziplinärer Ekipp ze schaffen.
Héich redaktionell Kompetenzen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
Kenntnisser an de Secteuren SEA, AEF an Jugend sinn en Avantag.
Wat mir dir ubidden:
Eng attraktiv Pai no der CCT-SAS (Carrière C6 maximal).
En CDI – 40 Stonnen/Woch.
En empathescht, professionellt an dynamescht Aarbechtsëmfeld.
Eng Entreprisekultur, déi Collaboratioun, Passioun a Solidaritéit an de Mëttelpunkt setzt.
En abwechslungsräichen an héichinteressante Beräich mat Reell Impakt.
D’Méiglechkeet, d’pädagogesch Praxis aktiv mat ze gestalten an ze beaflossen.
Eng ënnerstëtzungsstaark an interdissiplinär Ekipp.
Geziilte Weiderbildungsméiglechkeeten, ugepasst un deng professionell Entwécklung.
En Ufank direkt oder nom Ofschwatzen.
Ass Educatioun Deng Vocatioun? Da freeë mir eis op dech !
CJF setzt op staark Wäerter: Engagement, Oppenheet vis-à-vis vun Aneren an hir Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.
Eis Rekrutéierungspolitik garantéiert e gläichberechtegten Zougang zu Opportunitéite fir all Talenter. All Kandidature gi mat Gläichheet a Respekt behandelt.
Een Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.
D’Informatiounen déi gesammelt ginn, sinn Objet vun engem Traitement fir d’Gestioun vun der Demande ze erméiglechen. Si ginn de Memberen an de Servicer vun der CJF zur Verfügung gestallt, dëst a Konformitéit mam Reglement (UE) 2016/679 vum Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
Informationen
Concepteur de Projets Pédagogiques (H/F/X) - 40h/sem – CDI - Siège Howald CJF_20260327-4
Dauerhaft (CDI)
28/03/2026
Howald
Bachelor-Abschluss
Vollzeit

