Banner

1 Psycholog, Pedagog oder gläichwäerteg Qualifikatioun (m/w/x) - 25St/Woch - CDD 12 Méint - Service Dys-Positiv - Junglinster CJF_20260303-2

CJF Lëtzebuerg a.s.b.l., fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., hei als « CJF » bezeechent, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat 38 Joer Engagement am soziale Secteur. Mat iwwer 750 Mataarbechter*innen, méi wéi 40 Strukturen an Servicer an eng Presenz an 19 Gemengen gehéiere mir zu de grousse Referenzen am Grand-Duché.


Als Member vun Bientraitance a.s.b.l. vertriede mir eng Kultur vun Respekt an professioneller Bientraitance. Eis Missioun „Zesumme wuessen“ gëtt an all eise Projeten ëmgesat, am Aklang mat de Mënscherechter an de Rechter vum Kand.


Am Kader vun engem Ersatz fir e Congé de maternité a Congé parental, siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter fir den Dys-positiv, e Service fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen.

 

CDD à 25 Stonnen/Woch - 12 Méint Kontrakt

 

Profil:


  • Am Besëtz vun engem unerkannten Diplom sinn ;

  • Praktesch Erfarung an der Diagnostik an der Therapie am Beräich vun den Troubles de l’apprentissage ;

  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen ;

  • Sënn vu Verantwortung a vun Organisatioun ;

  • Equippegeescht ;

  • Flexibel an de Schaffzäite sinn ;

  • B-Führerschäin.



Mir bidden Iech :


  • Eng attraktiv Remuneratioun no der CCT-SAS;

  • Eng strategesch a sënnvoll Schlësselpositioun an engem innovativem Service;

  • Eng engagéiert an héich qualifizéiert Ekipp;

  • En respektvoll a professionellen Kader;

  • Gezielte Weiderbildungen a fachlech Entwécklung;

  • En CDD à 25 Stonnen/Woch CDD à 12 Méint Kontrakt (Karriär C7 maximal);

  • Eng Entrée direkt oder no Ofsprooch ;

  • Dir wëllt Bildung, Sprooch a Kultur aktiv matgestalten?



Ass Bildung deng Beruffung ?



Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.



Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).

circleInformationen

1 Psycholog, Pedagog oder gläichwäerteg Qualifikatioun (m/w/x) - 25St/Woch - CDD 12 Méint - Service Dys-Positiv - Junglinster CJF_20260303-2

Fixed-term contract

04/03/2026

Part-time

Folge uns
LinkedIn