

1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement 40 Stonne pro Woch am CDI
Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Fir eist Team ze vergréisseren an ze ënnerstëtzen siche mir :
1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement
40 Stonne pro Woch am CDI
Är Roll :
· Organisatioun vun den administrativen Aarbechten, Koordinatioun an Gestioun vun de Kalennere vum Departement Marketing & PR an der Direktioun
· Gestioun a Kontroll vun Offeren an Rechnungen
· Gestioun vun eisen Datebanken
· Gestioun vun de Fotoen an den Videoen
· Bestelle vun de Visitëkaarten an dem Bréifpabeier
· Organisatioun an Duerchféieren vun Visiten an den LAR-Raimlechkeeten
· Mathëllef a Präsenz bei Foiren zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun
· Mathëllef bei der Organisatioun vun Evenementer
· Regelméisseg Ënnerstëtzung an der Rezeptioun an am Member-Bureau:
o Physeschen an telefoneschen Accueil vun Visiteuren, Fournisseuren, etc
o Betreiung vun de Memberen
o Gestioun vun den Konferenz Raim
Äre Profil :
Dir hutt en Diplom am administrative Beräich (Minimum en DT / Bac) an hutt mindestens 3 Joer Beruffserfarung. Oder Dir hutt eng Beruffserfarung vu mindestens 5 Joer an engem änleche Beräich.
Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.
Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen
Äre Qualitéiten :
Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert
Flexibilitéit an Dynamik, wéi och Teamgeescht
Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg
Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht
Mir bidden :
Modern a spannend Aufgaben
Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
Sympathescht Team
Attraktiv Sozialleeschtungen
Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire)
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto iwwert follgende Link: https://app.skeeled.com/s/kyf9gLhc
Informationen
1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement 40 Stonne pro Woch am CDI
08/12/2025
Luxembourg Airport
Full-time