NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Kannerhaus Furen
Mir siche fir d'Kannerhaus Furen een Educateur diplomé (M/W/NB) 40 Stonnen/Woch am CDI.
D' Kannerhaus Furen bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.
Deng Aufgaben:
Schaffen an enger multidiziplinärer Equipe a mat externe Partner a de Famillen
Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld
Vermettelen vu formalen an non-formalen Inhalter
Däi Profil:
Eng Bereetschaft traumasensibel ze schaffen
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Minimum 2 Joer Beruffserfarung
Flexibel an den Aarbechtszäiten
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informationen
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Kannerhaus Furen
Permanent contract
24/02/2026
Dikricherstrooss
General certificate / Technical certificate
Full-time

